gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär gemengewalen 2017 d'alternati v fi r beetebuerg d‘adr...

8
de pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternav fir Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech- tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat hirem 3x Nee. D‘ADR huet gewisen, da si denkt, wéi d‘Leit am Land och denken. D‘ADR ass eng jonk Partei mat just 30 Joer. Vun hire soziale Wuerzelen huet si sech wei- derentwéckelt zu enger sozial engagéierter, un de Wäerter vum Land orientéierter Partei. D’ADR verdeedegt d’Demokrae an d’Rechter vum Eenzelnen. Duerfir wëlle mir ei- sen Asaz an der Gemengepolik verstäerken. Mir bezéie kloer Posiounen, an eis Haapt- themen bleiwen an der Gemengepolik aktuell: Lëtzebuerger Sprooch a Kultur • Integraoun Schoul, Familljen- a Sozialpolik • Antriede fir d‘Privatsphär an d’Meenungsfräiheet, mee och fir d‘Sécherheet eng humanistesch a rechtlech Approch zur Flüchtlingspolik Hannerfroe vun den EU-Exzesser an d‘Betoune vum Wäert vum Naonal- staat • fräi Maarktwirtschaſt a keng Verwal- tungswaasserkäpp. D’ADR verdeedegt de Prinzip vun enger staarker Gemengenautonomie. Nom Sub- sidiaritéitsprinzip soll de Staat sech just ëm Aufgabe këmmeren, déi net besser vun der Gemeng ze erleedege sinn. ADR: eng kloer Sprooch! Inhaltsverzeechnes ADR: eng kloer Sprooch! E neie Flair fir Beetebuerg Säit 1 Alterna�v geduecht: Sport, Gesondheet, Kul- tur an Déieren Säit 2 D'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur op déi éischt Plaz Behënnerten- a senioregerecht Poli�k 6 Prioritéite fir Är Gemeng Solidaritéit a Gerechtegkeet Säit 3 Kompetent politesch Gouvernance, w.e.g.! Mëmber-Formular Säit 4 Konkret Hëllef Fir Famillje mat Kanner! Keng Parkplatzsuerge fir d'Awunner Sécherheet fir Foussgänger Taxe si kee Buch mat siwe Sigelen Säit 5 De Verkéier zu Beetebuerg konsequent ver- besseren Flüchtlingen ophuelen, mat Häerz, awer och mat Verstand Säit 6 Ëmwelt a Liewensqualitéit sinn eis wichteg! Den Tourismus läit eis um Häerz! Säit 7 Eis Kandidate fir Är Gemeng Säit 8 Walprogramm (Lëtzebuergesch) h�ps://adr.lu/alterna�v_2017_l/ Wahlprogramm (Deutsch) h�ps://adr.lu/alterna�v_2017_d/ Programme électoral (Français) h�ps://adr.lu/alterna�v_2017_f/ Elecon program (English) h�ps://adr.lu/alterna�v_2017_e/ Programa eleitoral (Português) h�ps://adr.lu/alterna�v_2017_pt/ D'Alterna�v fir Är Gemeng! D’ADR Sek�oun Beetebuerg trëu mat frëschem Elan. Si ass fir dës Gemengewalen gegrënnt ginn. Déi jonk Parteisek�oun wëll der Onzefriddenheet zu Bee- tebuerg Ausdrock ginn. A si wëll Alterna�ve weisen wéi eng Stad sech och kann entwéckelen a wéi hir Zukun� ka geplangt ginn. Et ass ni einfach, wann ënnerschiddlech Uertschaf- te zesummewuessen, wéi Obeler, Fenneng, Hënche- reng, Näerzeng a Beetebuerg. Trotzdeem gesäit déi nei Entwécklung net gesond aus. Mär erliewen grouss Inves��ounen zu Beetebuerg. Angscht kann ee kréien fir dee flo�en Duerfcharakter vun deenen aneren Uertscha�en vun eiser Gemeng. Stellt Iech emol déi véier Dierfer vir, wann nei Haiser d’Gewan dertëschent opgefriess hunn. Do feelt eis de kloere Konzept. Mär hä�e gär e neie Flair an d’Gemeng. Mir wël- len, da� nei Projetë gu� duerchduecht ginn, mat Léi� zum Detail. Mir wëllen eng propper Gemeng, mir wëllen eng Gemeng wou d’(Verkéiers)reegele fir all Mënsch sinn an mir wëllen eng Gemeng, wou net fir vill Suen e „Shared Space“ geschaf gë�, deen d‘Vitesse vun den Autoë net bremst, a wou duerno och nach bëlleg Blummendëppen dragesat ginn. E neie Flair fir Beetebuerg Op dëser Gruppephoto feelt de Patrick Kohn

Upload: others

Post on 21-Dec-2020

2 views

Category:

Documents


0 download

TRANSCRIPT

Page 1: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

de pefferkär

Gemengewalen 2017

D'Alternati v fi r Beetebuerg

D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat hirem 3x Nee. D‘ADR huet gewisen, datt si denkt, wéi d‘Leit am Land och denken.

D‘ADR ass eng jonk Partei mat just 30 Joer. Vun hire soziale Wuerzelen huet si sech wei-derentwéckelt zu enger sozial enga géierter, un de Wäerter vum Land orientéierter Partei. D’ADR verdeedegt d’Demokrati e an d’Rechter vum Eenzelnen. Duerfi r wëlle mir ei-sen Asaz an der Gemengepoliti k verstäerken.

Mir bezéie kloer Positi ounen, an eis Haapt-themen bleiwen an der Gemengepoliti k aktuell:

• Lëtzebuerger Sprooch a Kultur

• Integrati oun

• Schoul, Familljen- a Sozialpoliti k

• Antriede fi r d‘Privatsphär an d’Meenungsfräiheet, mee och fi r d‘Sécherheet

• eng humanistesch a rechtlech Approch zur Flüchtlingspoliti k

• Hannerfroe vun den EU-Exzesser an d‘Betoune vum Wäert vum Nati onal-staat

• fräi Maarktwirtschaft a keng Verwal-tungswaasserkäpp.

D’ADR verdeedegt de Prinzip vun enger staarker Gemengenautonomie. Nom Sub-sidiaritéitsprinzip soll de Staat sech just ëm Aufgabe këmmeren, déi net besser vun der Gemeng ze erleedege sinn.

ADR: eng kloer Sprooch! InhaltsverzeechnesADR: eng kloer Sprooch!E neie Flair fi r Beetebuerg

Säit 1Alterna� v geduecht: Sport, Gesondheet, Kul-tur an Déieren

Säit 2D'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur op déi éischt PlazBehënnerten- a senioregerecht Poli� k6 Prioritéite fi r Är GemengSolidaritéit a Gerechtegkeet

Säit 3Kompetent politesch Gouvernance, w.e.g.!Mëmber-Formular

Säit 4Konkret Hëllef Fir Famillje mat Kanner!Keng Parkplatzsuerge fi r d'AwunnerSécherheet fi r FoussgängerTaxe si kee Buch mat siwe Sigelen

Säit 5De Verkéier zu Beetebuerg konsequent ver-besserenFlüchtlingen ophuelen, mat Häerz, awer och mat Verstand

Säit 6Ëmwelt a Liewensqualitéit sinn eis wichteg!Den Tourismus läit eis um Häerz!

Säit 7Eis Kandidate fi r Är Gemeng

Säit 8

Walprogramm (Lëtzebuergesch)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_l/

Wahlprogramm (Deutsch)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_d/

Programme électoral (Français)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_f/

Electi on program (English)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_e/

Programa eleitoral (Português)• h� ps://adr.lu/alterna� v_2017_pt/

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

D’ADR Sek� oun Beetebuerg trë� u mat frëschem Elan. Si ass fi r dës Gemengewalen gegrënnt ginn. Déi jonk Parteisek� oun wëll der Onzefriddenheet zu Bee-tebuerg Ausdrock ginn. A si wëll Alterna� ve weisen wéi eng Stad sech och kann entwéckelen a wéi hir Zukun� ka geplangt ginn.

Et ass ni einfach, wann ënnerschiddlech Uertschaf-te zesummewuessen, wéi Obeler, Fenneng, Hënche-reng, Näerzeng a Beetebuerg. Trotzdeem gesäit déi nei Entwécklung net gesond aus. Mär erliewen grouss Inves� � ounen zu Beetebuerg. Angscht kann ee kréien fi r dee fl o� en Duerfcharakter vun deenen

aneren Uertscha� en vun eiser Gemeng. Stellt Iech emol déi véier Dierfer vir, wann nei Haiser d’Gewan dertëschent opgefriess hunn. Do feelt eis de kloere Konzept.

Mär hä� e gär e neie Flair an d’Gemeng. Mir wël-len, da� nei Projetë gu� duerchduecht ginn, mat Léi� zum Detail. Mir wëllen eng propper Gemeng, mir wëllen eng Gemeng wou d’(Verkéiers)reegele fi r all Mënsch sinn an mir wëllen eng Gemeng, wou net fi r vill Suen e „Shared Space“ geschaf gë� , deen d‘Vitesse vun den Autoë net bremst, a wou duerno och nach bëlleg Blummendëppen dragesat ginn.

E neie Flair fi r Beetebuerg

Op dëser Gruppephoto feelt de Patrick Kohn

Page 2: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

Säit 2 Gemengewale vum 8. Oktober 2017 de Peff erkär fi r Beetebuerg

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

D'ADR an der Gemeng setzt sech on an dëse Beräich-er vum Gemengeliewen:

... Sport:Am Aklang mat de reelle Bedierfnesser vun de Clibb

setzt sech d’ADR voll a ganz fi r d’Ënnerstëtzung vu lokale Sportsveräiner an. Mir sinn der Meenung, da� een iwwert den Asaz vun de Sportsclibb integra� v d’Kanner- a Jugendbetreiung ënnerstëtze kann. Sport-programmer sollen sech zudeem un de breede Publi-kum riichten a Bierger aus allen Altersklasse sollen u sportlechen Ak� vitéiten deelhuele kënnen. D’ADR an ärer Gemeng wäert

• deene lokale Sportsveräiner fi nanziell ënnert d’Äerm gräifen an hinnen déi néideg Infrastruk- tur zur Verfügung stellen

• Sport och am drë� en Alter mat adaptéierte Méig lechkeete fërderen an ënnerstëtzen

• eng global Versécherung ofschléisse fi r Fräizäit ak� vitéiten, déi d’Gemeng ubidd

• Spor� nstalla� ounen an de Parken opstellen fi r de breede Publi- kum

... Gesondheet:D’ADR an ärer Gemeng wäert am Beräich vun der Gesondheet:

• Konzepter erschafe, déi d’Versuergung um me - dezineschen Niveau verbesseren

• Déi medezinesch a medikamentéis Versuergung an Nou� äll, nuets an de Weekend méi effi kass gestalten a soumat verhënneren, da� de Bierger wäit Weeër muss zréck leeën, fi r medezinesch a medikamentéis versuergt ze ginn.

... Kultur:D’Fërderung vun engem spannenden a faarwege Kulturliew-

en ass eng vun der Gemeng hiren zentralen Aufgaben. D’ADR an ärer Gemeng wäert:

• lokal Kulturveräiner a Kulturhaiser beim Erschafe vun engem variéierte Kulturprogramm materiell a fi nanziell ënnerstëtzen

• systematesch ëff entlech «Bicherschief» an de Quar� eren an all Uertscha� vun der Gemeng opstellen

• kulturell Veranstaltungen (Concerten/Theater) an der Gemeng organiséieren/ënnerstëtzen - och mat Akzent op d’Lëtzebuerger Kultur

• d’Lëtzebuerger Kultur fl eegen an un auslännesch Matbierger vermë� elen – fi r d’Integra� oun ze fërderen

... Déieren:Déieren si fi r vill Leit eng wëllkomm Gesellscha� an déi

wëlle mer hinnen gënnen:• Eng Hondswiss feelt an et ass d’Frop op et mat

enger fi r eis Gemeng duergeet.• Amplaz mat vill Opwand un all Poteau an der Ge

meng e Schëld ze hänken, da� een de Muppen dreck soll entsuergen, wär mat Tu� en dofi r méi ge- hollef

• D’Gemeng soll d’Hondstaxe op e Minimum reduzéi- eren a wa méiglech ofschafen. S� er� en Hond, soll de Montant fi r deen nächste Mupp zielen.

Musse Sporti nfrastrukturen mat Schoulgebaier vermëscht baut ginn?

Alternativ geduecht: Sport, Gesondheet Kultur an Déieren

D’Alternativfir

Är Gemeng!

www.adr.lu

Page 3: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

de Peff erkär fi r Beetebuerg Gemengewale vum 8. Oktober 2017 Säit 3

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

D‘Lëtzebuerger Sprooch a Kulturop déi éischt Plaz!

D’ADR ass déi Partei, déi sech wéi keng aner an ouni Kompromesser fi r d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt. Mir setzen eis dofi r an, da� d’Lëtzebuerger Sprooch net nëmmen op na� onalem, mee och op kommunalem Niveau zu hirem Recht kënnt.

D’ADR setzt sech dofi r an, da� d’Lëtzebuerger Sprooch un éischter Plaz steet:

• an de Gemengepublika� ounen

• a Bréiwer, Dokumenter an Informa� ounen

• um Internet-Site vun der Gemeng

• an der Äntwert op een - op Lëtzebuergesch

formuléierte - Bréif

• op Stroosseschëlder fi r d’Iden� téit vun eise Stroossen ze halen

• als Integra� ounshëllef mat gra� s Sprooche- coursen (eventuell mat enger A schreiw tax, déi bei Presenz an de Couren zeréckbezuelkt gë� ). Déi Couren sollen och ausserhalb vun übleche Schaff zäiten ugebuede ginn.

D’ADR huet kee Problem domat, wann d’Awunner vu Lëtzebuerg och an anere Sproochen informéiert ginn. Allerdéngs hale mir dorop, da� Lëtzebuergesch déi éischt Sprooch ass.

Behënnerten- a senioregerecht PolitikD’UN-Konven� oun fi r d’Rechter vu Mënsche mat

Behënnerung gouf 2011 vu Lëtzebuerg ra� fi zéiert. Och wann hei punktuell scho munches ëmgesat gouf, sou feelt nach ëmmer villes. Ëmmer nach stoussen déi betraff e Leit op schwiereg Situa� ounen, déi hin-nen et net erlaben, u gesell scha� lechen Uläss deelze-huelen oder sech fräi an der Gemeng ze beweegen, ouni op äusserlech Aschränkungen ze stoussen.

D’ADR setzt sech dofi r an, da� déi gesamt Ge-mengeninfrastruktur am Laf vun der nächster Le-gislaturperiod behënnerten- a senioregerecht ge-maach gë� . Sécher net gu� sinn d’Zougangsweeër fi r d’Hëncherenger Kierch, den alen Deel vun der

Gemeng, d’Krankekeess an na� erlech d’Gare an hir Quaiën.

Dëst betrë� esouwuel den Accès wéi och d’Be-weegen ënnerhalb:

• administra� ven a kulturelle Gebaier• Gebaier vu Bildungs- a Betreiungsstrukturen • Gebaier vum Gesondheetssystem a vu Flee -

gestrukturen• Kierchen a Kierfechter • Sport- a Fräizäitanlagen• Sanitär-Anlagen• Verkéiersstrukturen (z.B.: Foussgänger-

luuchten, Stroosseniwwergäng, Bus- arrêten ...)

Duerfi r muss en Inventar opgestallt ginn, an deem fi r all ëff entlech Infrastruktur an der Gemeng fest-gehale gë� , ob si behënnerten- a senioregerecht amenagéiert ass. Am Gemengebudget muss dann och all Joer e Programm a Kredi� er festgehale ginn, fi r dës spezifesch Infrastruktur ze verbesseren.

Desweideren wäerte mir och d’Bautereglement esou änneren, da� nei Appartementshaiser a Ge-schä� slokaler direkt no behënnerten- a senioregere-chte Kritäre musse gebaut ginn.

D’ADR wäert dofi r suergen, da� eng integral be-hënnerten- a seniorefrëndlech Upassung vun alle Gemengeninfrastrukturen net just a Sonndesriede versprach gë� , mee och an d’Realitéit ëmgesat gë� .

D’ADR Beetebuerg setzt sech dofi r an daat Zou-gangswëer vir Léit mat engem Handicap ugelued gin ( z.B. Hëncherenger Kierch, an Deeler vun eff entlech-er Gebaier, Krankekees zu Beetebuerg, Zuchgare zu Beetebuerg)

6 Prioritéiten fi r Är Gemeng

Solidaritéit a sozial Gerechtegkeet droen zu enger gudder Liewensqualitéit bäi. Fir d’Solidaritéit géigeniw wer deene Matbierger am héijen Alter an deene mat Krankheeten oder Behënnerungen, muss och d’Gemeng mat Verantwortung droen. D’Gemeng soll zesumme mat spezialiséierten Associa� ounen an Hëllefsdéngschter dozou bäidroen, da� déi betraff e Leit net aus dem gesellscha� lechen, kulturellen a sportleche Gemengeliewen ausgeschloss ginn.

Fir dëser Verantwortung gerecht ze ginn, suergt d’ADR dofi r, da� d’Gemeng

• intergenera� onell Projete ausscha� a fërdert• e qualita� v héichwäertegen an ëmwel� rënd -

leche Service “Iessen op Rieder” ubi� • e fl exiblen Transport fi r déi Betraff en ubi� , fi r

um alldeegleche Liewe kënnen deelzehuelen • Komfort- a Gesondheetsdéngschter am Duerf- oder Quar� erszentrum huet (Epicerie,

Bäckerei, Zeitungsbu� ek, Bancomat, Apdikt, Praxis vun Dokteren)

• kommunal Gebailechkeete fi r esou Déng- schter iwwer de Wee vum symbolesche Loy- er zur Verfügung stellt

Solidaritéit a Gerechtegkeet

1. Bezuelbaart Wunnen: D'ADR huet kon-kret Soluti ounen fi r d'Gemeng!2. Ëff entlech Sécherheet heescht Sécherheet fi r jiddereen: Eis Gemenge brauche méi Police, eis Bierger brauche Kommissariater, do, wou si wunnen.3. Mobilitéit ouni Dirigismus: D'Gemeng or ga niséiert de Matenee vun Auto, Fouss-gänger a Velo. Si mécht net de Choix vum Ver-kéiersmëtt el.4. Famillje mat Kanner beschtméiglech ën-ner stëtzen: Mir brauchen Uertschaft en, wou Kanner sech kënne wuelfi llen an en� alen.5. D’Lëtzebuerger Sprooch als wichtegst Mëtt el zur Integrati oun: Un der Gemeng ass et, eis Sprooch ze verbreeden an ze léieren.6. Flüchtlingen ophuelen, mat Häerz awer OCH mat Verstand: D'Gemeng muss an dëser Fro matschwätzen an d'Decisiounen däerfen net iwwer d'Käpp vun de Bierger ewech geholl ginn.

Och sanitär Anlagen musse behënnerten- a seni o-regerecht sinn.

Egal wéi een dat Schëld bei der Kierch kuckt: Lëtzebuergesch ass hei net wëllkomm.

Hu� Dir Froen oder Ureegungen oder wëllt Dir bei ons ak� v matschaff en, dann zéckt net a ru� un, ënner der Nummer:

+352 26 20 37 06

Froen?Ureegungen!

Matschaff en!

Page 4: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

Säit 4 Gemengewale vum 8. Oktober 2017 de Peff erkär fi r Beetebuerg

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

D’ADR steet fi r eng staark Gemengenau-tonomie: All Themen, déi op kommunalem Niveau behandelt kënne ginn, sollen och an der Verantwortung vun der Gemeng bleiw-en. Mir setzen eis a fi r eng selbstbestëmmt an eegenverantwortlech Gemeng. Fir da� d’Gemengepoli� ker an deem Sënn hirer wichteger Aufgab voll a ganz gerecht kënne ginn, well d’ADR an ärer Gemeng ëmsetzen:

Eng systematesch Ënnerstëtzung vun de Gemengen- a Schäff eréit duerch Besiche vu Forma� ounen a Weiderbildungen.

D’ADR an ärer Gemeng setzt sech deswei-dere fi r eng verantwortungsvoll a nohalteg Finanzpoli� k an.

• Wann et nëmme geet, keng Er-héijung vun den Taxen oder Ge-mengesteieren

• Wann et nëmme geet, kee Léi ne vu Suen

• D’Léine blei� d’Ausnam an däerf nëmmen dann ugewannt ginn, wann et sech op konkret a sënn voll Inves� -� oune bezi� .

• Inves� � oune si sënn voll, wa méig-lechst vill Bierger dovu profi téieren (na� erlech ou ni dobäi déi Léit mat spezielle Bedürf nisser ze vergiessen)

• D’ADR mécht sech géint Korrup� oun

a Ve� ernwirtscha� och op kommu-nalem Niveau staark

• D’ADR an ärer Gemeng setzt sech an, da� d’Ent wéck lungshëllef prio ritär eng staat lech, a net eng kommunal Aufgab blei�

• Wëllen d’Gemengen hir ee ge Pro-grammer fi r Ent wécklungshëllef op-stellen, sollen dës mam Staat koordi-

néiert ginn, fi r duebel Aarbecht an Inkohärenzen ze verhënneren

• D’ADR an ärer Gemeng setzt sech a fi r méi Biergerbedee legung

• Bei wichtege kommunale Froe soll de Bierger matschwätzen däerfen

• Et soll an deem Sënn kënnen ee Ref-erendum op kommunalem Niveau ofgehale ginn

D’ADR steet fi r eng gutt gefouert Gemeng a wëll dëser och déi néideg Mëtt el ginn,fi r dat realiséierenze kënnen.

Gidd Member an der ADR, a frot och Aër Familljemembren a Frënn, fi r Member ze ginn.

De Joresbeitrag ass fi r eng Persoun 14.-€, fi r e Stot 20.-€, a fi r Schüler a Studenten 5.-€

Numm & Virnumm: ........................................................................

Adress: ......................................................................... ......................................................................... Telefon: .........................................................................

Email: .........................................................................

----------- ausschneiden an un ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken ----------- de pefferkärOplag: 8.450Verantwortlech fi r dëse Peff erkär vun der Gemeng Diddelengass d’Alternati v Demokratesch Reformpartei22, rue de l’EauL-1449 Lëtzebuerg

www.adr.lu

Kompetent politesch Gouvernance, w.e.g.!

Page 5: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

de Peff erkär fi r Beetebuerg Gemengewale vum 8. Oktober 2017 Säit 5

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Sécherheet fi r FoussgängerKonkret Hëllef fir Famillje mat Kanner!

D’Kanner sinn d’Zukun� vun eiser Gesellscha� . Eng op� mal Betreiung an Erzéiung, déi och de neie Liewensgewunnechte gerecht gë� , huet fi r d’ADR absolut Prioritéit. D’ADR wëllt den Elteren de Choix loossen, hir Kanner selwer ze erzéien oder qualita� v héichwäerteg Strukturen ze gebrauchen. Wichteg sinn eis dobäi besonnesch och d'Problemer vun elengerzéienden Elteren.

An deem Kontext stellen sech och op kommu-nalem Niveau eng ganz Rei wichteg Erausfuerderun-gen, déi d’ADR bereet ass an eiser Gemeng unzepa-ken, andeems mir:

• eis asetze fi r qualita� v héichwäerteg Crèchen an genuch Plazen an de Gemengecrèchen

• den oppenen Di a log tëscht den El-teren, der Gemeng an de Betreiungsstruk-turen (Jugendhaus, Crèchen, Schoulen...) féieren, fi r méig lech Defi ziter méig lechst séier erkennen a mat Verbesserungen entgéintwierke ze kënnen

• eis asetzen, fi r eng Maison Relais, déi zu familljefrënd-lechen Auerzäiten op ass an Zougang op eng Bibliothéik, en Turnsall a Computere fi r d’Kanner huet

• d’Interesse vun de Kanner u kom-munale Veräinsstruk-

turen (Sportsveräiner, Museks- an Theaterveräiner asw.) fërderen a si fréistméiglech an d’Veräinsliewen abezéien (beispillsweis duerch Schnupperforma-� ounen)

• d’Jugend beroden, hinne Fräizäitméiglech-keete bidden a hinnen hëllefen, sech op d’Aarbecht virzebereeden (mat engem qualita-� ve Konzept fi r Projeten zur beruffl echer Ori-entéierung)

• Aarmut biergerno an onbürokratesch bekämp-fen an d’Prozedure fi r d’Ufroe vun Hëllef ver-einfachen

• e familljen- a kannerfrëndleche Kader schafen, mat Spillplazen, ëff entlech Wéckeldëscher, asw.

All Uertschaft an der Gemeng brauch kannerfrëndleche Strukturen.

D'Parksitua� oun an de Gemenge gë� ëm-mer méi schwéier.

Duerfi r s� mir fi r de generaliséierte Park-ing résiden� el an alle Wunnzonen. Op de Ge-mengen-Parkplazen, déi net fi r P&R sinn, ass d’Parkdauer vu 7 Auer mueres bis 18 Auer op 4 Stonne limitéiert, fi r ze verhënneren, da� Pendler hir Autoe heihistellen.

Mir wëllen och derfi r suergen, da� de Park-ing résiden� el an der Gemeng eenheetlech gereegelt ass. Eng Vigne� e soll de Awunner onbegrenzt Parkrecht an hirem Quar� er an zousätzlech mindestens 2 fräi Parkstonnen um iwwregen Terrain vun der Gemeng ginn.

Mir wäerte mam Staat kucken, fi r bei der Gare genuch P&R-Plazen ze schafen.

Fleegdéngschter am Asaz beim Bierger kréi e bei eis eng gra� s Parkvigne� e,

D’ADR wäert derfi r suergen, da� Betribs-

camione� en net an de Wunnquar� ere park-en. Wa méiglech sollen, baussent de Wunn-

zonen a mat staatlecher Hëllef, obligatoresch Parkplaze fi r dës Gefi erer ageriicht ginn.

Keng Parkplatzsuerge fir d'Awunner

Wëll Parken entwéckelt sech zum Beetebuerger Sport.

D’Foussgänger sinn am Verkéier dacks déi Domm. Nei Forme vum Matenee am Verkéier (Shared Space, Foussgängerzonen mat Velos-Trafi c …) a nei Forme vun der Fortbeweegung (Gefi erer mat elektresche Motoren) bréngen hinnen zousät-zlech Geforen. D’ADR wäert esou geféierlech Situ-a� ounen genee analyséieren.

Fir eis sinn eng Foussgängerzone oder en Trë� oir net do, fi r Konschten um Velo virze féieren. Mee och a gemëschten Zonen soll kee mutwëlleg behënnert ginn.

Och wann de Foussgänger Viirrecht huet, soll hien och un déi aner denken an esou séier wéi méi-glech iwwer d’Strooss goen.

Besonnesch wäerte mär préifen, ob Einbahn-stroossen, an deene Veloën däerfen an zwou Rich-tunge fueren, wierklech Viirdeeler brengen oder just en onnéidege Geforepunkt sinn. Mir hä� e gär méi Respekt am Verkéier a gezilt Police-Ak� ounen fi r dat duerchzesetzen.

Bei den Taxen vun der Gemeng muss ee studéi-ert hunn, fi r d’Rechnungen verstoen. D’ADR trë� a fi r Tariff er, déi all Mënsch ka novollzéien. Et kéint och bei der Sich no enger neier Wunneng en Argu-ment sinn, wann all Gemeng kéint annoncéieren, wat de Liter Waasser kascht oder de Kilo Off all an der Dréckskëscht.

Et gë� kee Grond, fi rwat d’Supermarchéën mus-sen transparent Kilos- a Literpräisser affi chéieren an d’Gemengen net.

Taxe si kee Buch mat siwe Sigelen

Page 6: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

Säit 6 Gemengewale vum 8. Oktober 2017 de Peff erkär fi r Beetebuerg

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Bei der Flüchtlingspoli� k ass d’ADR fi r human Léisungen, ënner Berécksiichtegung vun deene relevanten interna� onale Konven-� ounen. Mir sinn net d’accord mat der Flüchtlingspoli� k vun der EU a Regierung. Europa kann net jiddereen ophuelen a Lëtzebuerg scho guer net. Dowéinst wëll d’ADR deene Leit Hëllef bidden, déi d’Hëllef wierklech brauchen. D’ADR ass géint e Quotesystem fi r d’Migranten op d’Gemengen ze verdeelen. Mir bes� nn op de Prinzip vum fräie Wëllen, geknäppt u Kondi� ounen.

Fir d’Opnam an der Gemeng gëllt:• net de Stat eleng decidéiert, mee och déi eenzel Gemeng an

hir Bierger entscheede mat iwwer d’Opnam vu Flüchtlingen• hëlt eng Gemeng fräiwëlleg Flüchtlingen op, kréie si Ënner-

stëtzung vum Stat• fi r Flüchtlingen opzehuelen, muss d’Gemeng e volontariste-

schen Integra� ounsplang hunn• mat der Flüchtlingsopnam duerf et net zu Parallelgesellscha� e

kommenFir d’Wunnengsfro gëllt:• sougenannte Containerdierfer brauchen den Accord vun der

Gemeng

• de Stat soll net just iwwer d’Prozedur vum POS (plan d’occupa� on des sols) verfueren

• et däerf net zu "Ghe� oen" kommen• et gi kloer Prozedure fi r ALL Leit, déi eng Wunneng brauchen a

sichen, ouni Privilegéierung oder Diskriminéierung vun engen oder aneren

Fir d’Integra� oun vun deene Flüchtlingen, déi bleiwen däerfen, gëllt:

• d’Gemeng huet eng ak� v Roll am Dialog tëscht de Flüchtlin- gen an de Bierger a Veräiner

• en Integra� ounsplang muss opgestallt ginn, fi r d'Leit, déi blei- wen däerfen, Lëtzebuergesch ze léieren a si optimal ze integréieren

• d’Kanner sollen an d’Ak� vitéite vu kommunale Betreiungs - strukturen agebonne ginn

• Kanner am Grondschoulalter, sollen an der kommunaler Grond schoul opgeholl ginn, ënnert der strikter Bedén- gung, datt de Schoulministère zousätzlech Ressourcen (besonnesch Perso nal a Material) dofi r bereet stellt

Flüchtlingen ophuelen, mat Häerz, awer och mat Verstand

Beetebuerg an Diddeleng mussen un engem Strang zéien. Soss erstécke si am Verkéier.

Beetebuerg leit elo schonn ënnert de Schwéi-ertransporter. D’Camionen missten a Beete-buerg vill méi konsequent kontrolléiert ginn. Mam Logis� kzenter wäert d’Zuel vun deenen nach zouhuelen.

De Wee fi r op Diddeleng iwwer d’Diddelenger Strooss wäert net méi einfach ginn, wann den Transportbetrib bis op Héichtoure lee� .

Et ka Beetebuerg och net egal sinn, wann d’Gewan bis bei d’Nopeschgemeng zoubetonéi-

ert gë� . Net nëmmen den Trafi c, och déi hei ge-plangte Geschä� er hunn en direkten Afl oss op d’Beetebuerger Gemeng an op d’Geschä� swelt, déi mat neier Konkurrenz muss liewen. Déi nemmlecht Poli� ker, déi esou Riesebauprojeten tëscht Beetebuerg an Diddeleng erlaben, bek-loe sech dann iwwer d’Verkéiersstauen, déi aus esou Pläng ents� nn.

A ganz konkret huet Beetebuerg och seng ganz eege Problemer. D’Näerzenger Barriären blocké-ieren dës Uertscha� bei all Zuch direkt zwee Mol. Plaz fi r eng Léisung wär do.

Mee anscheinend mengt d’Gemeng, déi Näer-

zenger kéinte sech mat deem Problem do selwer rafen.

Déi fuschnei Garer Strooss ass zwar agreabel fi r Foussgänger, awer net manner geféierlech ginn. Well op deem schnouerriichte Stéck Strooss ginn d’Autoë net wierklech gebremst vun deenen ugedeitenen Ieselsrécken.

Op där aner Säit ass Beete-buerg vun der Fläch hir zimmlech grouss. Duerch déi verschid-den Uertscha� en, déi d’Gemeng ausmaachen, feelen eng ganz Rëtsch Alterna� ven duerch den ëff entlechen Transport: E City-Bus wär wëllkomm als kamouden Transport tëscht den Dierfer an ei-ser Gemeng.

Mee och den Ausbau vun der doucer Mobilitéit an d’Ariichte vu Velosweeër besonnesch tëscht de verschiddenen Uertscha� e vun ei-

ser Gemeng wäre net vu Mutwëll.

Selbstverständlech wären, wa mär dat géingen ëmsetzen, Bushaisercher, déi dee Numm verdén-gen an de Passagéier vum ëff entlechen Transport bei all Wieder Schutz bidden.

A wa mär bei der Kamouditéit fi r d’Buspassagéier sinn: Et wär net vu Mutwëll fi r vun de Bushaisecher ze profi téieren an do och ëff entlech Toile� en an zeriichten. Well därer fee-len an eisen Uertscha� en (a besonnesch därer, déi och gu� an der Rei a propper sinn).

De Verkéier zu Beetebuerg konsequent verbesseren

Och no de villen Aarbechten a mat zwee Huckelen bleiwt d’Garer Strooss trotz Blummendëppen eng Rennstreck.

Page 7: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

de Peff erkär fi r Beetebuerg Gemengewale vum 8. Oktober 2017 Säit 7

D'Alterna� v fi r Är Gemeng!

Der ADR läit d’Ëmwelt um Häerz. Mee d’Problemer mat deem onerhéierte Wuesstem, dee Lëtzebuerg iwwer d’Joerzengte kennt, verlaangen no Léisungen.

Gemengen kënnen iwwerméissege Waasser- an Energiekonsum an iwwerméissegen Off all richteg deier maachen. Si kënne Bau-viirschrë� e maachen, fi r da� energiebewosst gebaut gë� . Si kënne Gréngzonen defi néieren a Land vum Wunnengsbau verschounen. Si kënnen dem Bierger hëllefen, säin Dreck ze triéieren a richteg ze entsuergen.

Symbolesch an ouni vill Onkäschten kann d’Gemeng och engem Klimabbond bäitrieden.

Eng Gemeng muss awer ëmmer am Déngscht vum Bierger schaf-fen.

Si ass do fi r dem Bierger ze hëllefen an net, fi r hien ze schickané-ieren.

Si ass och net do, fi r hien ze erzéien. De Bierger soll ëmmer d‘Wiel hunn!

“Intelligent Compteuren” hëllefen dem Bierger, fi r säi Stroumver-brauch ze verstoen. D’Gemeng an de Stat hunn awer kee Recht, op Grond vun dësen Donnéeen dem Bierger seng Gewunnechten aus-zespionéieren. Anersäits ass d’ADR Beetebuerg fi r d’Aféierung vun „Domo� que Systemer”, déi den Energieverbrauch an ëff entlecher

Gebaier kontrolléiert.D’Liewensqualitéit an de Wunnquar� ere heescht: kee wëlle Par-

king, kee Nuetskaméidi, ëff entlech Feieren do, wou se net d’Nuetsrou stéieren …

Gemengegbaier sinn ideal fi r effi kass Solaranlagen opzestellen: All Bierger ka sech fi nanziell dodru bedeelegen an dovu profi téieren. Och Kogenera� ounsanlagen maache Sënn.

Duerfi r wäert d’ADR an der Gemeng dës Regelen duerchsetzen:• Gemengeservicer op iwwerméissege Ressourcekonsum (Ver-

bëtzen duerch schlecht Waasserleitungen ...) an ëmwelts-chounend Prak� ken préifen (Botz a Planze- schutzmë� el, Kä-ercher, Blos- a Suckelapparater fi r d’Strooss propper ze halen …).

• Infrastrukturen wéi Kanäl, Leitungen a Kläranlagen plangen mam Wuesstum am Hannerkapp.

• Ëmwelt- an Energienormen däerfen net dem Bierger Nodee-ler bréngen oder de Choix huelen.

• 30 Fudder Waasser gra� s op de Kapp an duerno eng progres-siv gestaff elt Tax.

• Wann eng Gemeng net laanscht d’Erweiderung vum Baupe-rimeter kënnt, muss dat esou ëmweltschounend wéi méig-lech (keng wäertvoll Gréngzonen) an am Respekt vum Uert-scharakter (keng laanggezunne Stroossendierfer) geschéien.

• D’Beanträchtegung vun der Liewensqualitéit duerch iwwer-méissege Kaméidi an iwwerméisseg Nuetsbeliichtung kont-rolléieren an aschränken.

• Eng Gemeng brauch net just schéi Parken a Plaze mat Beem a Blummen: Si brauch och Gaardekolonien a Gemeinscha� sgä-ert a Wisen, wou d’Leit kënne spille, Sport dreiwen ...

• De Bierger hire Wënsch (Ëmfro) bei der Wunndensitéit (Hai-ser fi r méi Familljen) an Awunnerzuel soll no Informa� ouns-versammlungen bei der Gemengeplannung Rechnung ge-droe ginn.

Zu Beetebuerg wëlle mär och ganz konkret:• wëll Blummen uplanzen amplaz de „Fauchage tardif“ fi r och

eppes fi r d‘Beien ze maachen• gra� s Blummesom verdeelen an esou vill Blummebeeter wéi

méiglech uplanzen

Liewensqualitéit? Näerzeng leit mat zwou Barriären ënnert der Mobilitéit.

Gebaier kontrolléiert.

Ëmwelt a Liewensqualitéit sinn eis wichteg!

Tourismus läit eis um Häerz!Fir vill Gemenge spillt den Tourismus eng

wichteg Roll. Dofi r dréit nie� dem Stat och d’Gemeng an eisen Aen mat Verantwortung an dësem Beräich.

D’ADR wäert:• regional an interkommunal Vëlos

pisten a Foussweeër- ausbauen an ënnerhalen- korrekt an iwwersiichtlech beschël-

deren• ëm den Tourismus beméite lokal a re-

gional Syndikater an Tourismusbüroen ënner-stëtzen, fi r touristeschen Hebergementer an Ak� vitéiten an der Gemeng ze hëllefen

• duerch Moossnamen iwwert

d’Gemengereglement verhënneren, da� nei Forme fi r Touristen op-zehuelen (wou z.B. pri-vat Leit hir Zëmmeren zur Verfügung stellen), deenen an der Gemeng etabléierten Hotel-len deloyal Konkurrenz maachen

• d’Konzept vu der Vakanz um Bauerenhaff ënnerstëtzen

• historesch Bau-substanz schützen an erhalen. Beetebuerg soll sech net schummen a méi konsequent op Tourismus setzen.

Page 8: gw pk1 beetebuerg - adrde pefferkär Gemengewalen 2017 D'Alternati v fi r Beetebuerg D‘ADR ass d‘Partei vun der Rentegerech-tegkeet. D‘ADR ass d‘Partei vum Referendum, mat

D'Alternativ fir Beetebuerg

D'Alternativ fir Är Gemeng!

Ahles Fernand46 Joer, Beetebuerg,

Geschäftsmann

Storck Stéphanie29 Joer, Näerzeng,

Usträicher-Dekorateur

Stirn Tanja37 Joer, Beetebuerg,

Fräiberuffler

Stehmeier-Ruppert Marianne

55 Joer, Beetebuerg, Ersatzpersoun an

enger Crèche

Kopp Pierre, genannt Pit52 Joer, Hënchereng,

Magasinier

Kohn Patrick49 Joer, Beetebuerg,

Eisebunner

Koehler Pierrette47 Joer, Hënchereng,

Sekretärin

Koehler Camille71 Joer, Hënchereng,

pensionéierteGemengefonctionnaire

Klein Klaus56 Joer, Beetebuerg,Usträichermeeschter

Flammang Pascal52 Joer, Näerzeng,

Manager vun enger Bank

Feltz Micheline70 Joer, Beetebuerg,

pensionéiert Geschäftsfra

Eisenlöffel Guy47 Joer, Beetebuerg,

Staatsaarbechter

Blasen Edouard75 Joer, Beetebuerg,

Pensionéiert

Schneider Gérard50 Joer, BeetebuergIT Service Manager

Hermann Fabrice22 Joer, BeetebuergGermanistik-Student