oitkaun .r6n / 7102 l ëtzebuerger kathoulesch männer aktioun · ass. ech kann op mengem handy...

6
Herausgabe: Kathoulesch Männeraktioun (KMA) 5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 LUXEMBOURG Redaktion: Willy Fuchs Tel.: 44743-251 – Fax: 447 43-530 – E-mail: [email protected] – www.kma.lu – CCP: LU13 1111 0724 4179 0000 – Jahresbeitrag: 14 € Erscheinungsdatum: sechs mal jährlich – Layout: Claude Peiffer, print solutions s.à r.l., Luxembourg Lëtzebuerger Kathoulesch Männer fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement D ’Bibel, Alt oder Neit Testament, gëtt normalerweis «Schrëft» oder «Helleg Schrëft» genannt. Also hu mer et mat engem Text ze dinn, deen op iergend eng Art a Weis op Pobeier fixéiert ass, sief et geschriwwen, gedréckt, polykopéiert oder dactylographéiert. Elo wësse mer awer datt dës Texter, déi mer biblesch Texter nennen, fir d’éischt emol Wieder waren, déi vu Mënsche gezielt gi sinn, an zwar no hirer Kenntnis vun deemools, mat deene Biller déi se gebraucht hunn an déi fir si wichteg waren. An duerfir gëtt d’Bibel och «Wuert» genannt. Et geet do ëm d’Wuert vum Herrgott, et geet ëm d’Frou Botschaft. Den Ausdrock «Wuert» weist op eppes hinn wat gesot ginn, wat iwwer de Verstand an duerch d’Lëpsen vun engem Mënsch un d’Ouere vun engem anere komm ass. D’Wuert ass also eppes wat e Mënsch a senger Fantasie, no sengem Wëssen, no senge Méiglechkeeten a senger Zäit gebraucht, fir eppes auszedrécke wat him wichteg ass a wat hien anere Mënsche wëllt matginn. Leider muss een awer feststellen, datt an eise liturgeschen Zelebratiounen d’Wuert, d’biblescht Texter, ganz oft ouni Relief virgedroe ginn, datt se laanscht lafen, well se esou virgelies ginn wéi Texter déi net geschwat, mä geschriwwe sinn, déi fixéiert sinn. An a Wierklechkeet geet et jo awer ëm d’Wieder vum Liewen. Et läit mir also eppes drun fir ze soen, datt Texter déi gesot ginn, déi proklaméiert ginn, erëm eng Kéier eppes mat dem Liewen ze dinn kréien. Et misst een also frësch léieren d’Bibel als gleewege Mënsch ze liesen, an als katechetescht Wuert, liewegt Wuert, dem Nächste weiderzeginn. Déi Texter, déi mer also an der Bibel fannen, mussen net wuertwiertlech gelies ginn, well soss fale mer erëm an dat zréck wat mer schonn haten. Da kann een och e Computer d’Bibel liese loossen, wéi dat jo haut méiglech ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest déi monoton erof mat Punkt, Komma, Zuel vum Vers asw. Dat geet wann ech deen Text kennen, wann ech en einfach nëmme wëll héieren, mä wann ech mech dovunner usprieche loossen, da muss ech mer schonn eppes anescht afale loossen. Dës Texter sinn nämlech proposéiert, fir aner Mënschen ze begeeschteren, et muss ee Liewen dra fannen. Obschonn se viru ville Joren opgezeechent goufen, mussen se ëmmer Aktualitéit bleiwen. Dat heescht also, ech muss probéieren déi Aktualitéit och schonn am Tounfall oder an der Gestik oder an der Erklärung sou ze soen, datt Mënschen, déi mer nolauschteren, eppes kënnen dermat ufänken, datt et si usprécht an hirem Liewen. Dat erënnert mech un déi grouss Experienz, déi a Südamerika ugaangen ass, an déi eng Zäit laang ënnerbrach war, déi awer dank dem Poopst Franziskus erëm opkënnt: déi vun de Basis-Gemeinschaften. D’Bibel gëtt do gelies an der Gemeinschaft vu Mënschen déi do op engem Duerf, an enger Géigend wunnen, an déi sech net froe, wou dat historesch kritescht Material ass, oder wien dat geschriwwen huet, wéini, wou, mä déi sech froe: wat huet deen Text mat mengem Liewen ze dinn a wat muss ech elo maache fir datt deen Text a mir a ronderëm mech lieweg gëtt? Dat maache mer an der leschter Zäit jo schonn erëm heiansdo, wa mer d’Bibel am Grupp oder an enger klenger Gemeinschaft liesen. Mä ech mengen, dat misst nach méi gemaach ginn, an och méi vu jiddwerengem vun eis praktizéiert ginn. Fernand Huberty Aumônier Wuert Gottes – Helleg Schrëſt. Mir wënschen eise Lieser a Memberen eng besënnlech Adventszäit an e frout a geseente Chrëschtfest

Upload: others

Post on 07-Nov-2019

3 views

Category:

Documents


0 download

TRANSCRIPT

Page 1: oitkAun .r6N / 7102 L ëtzebuerger Kathoulesch Männer aktioun · ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest

Aktioun Nr.: 6 / 2017H

erau

sgab

e: K

atho

ules

ch M

änne

rakt

ioun

(KM

A) 5

, ave

nue

Mar

ie-Th

érès

e, L-

2132

LUXE

MBO

URG

Re

dakt

ion:

Willy

Fuc

hs Te

l.: 4

4743

-251

– F

ax: 4

47 43

-530

– E

-mai

l: km

a@ca

thol

.lu –

ww

w.k

ma.

lu –

CC

P: LU

13 1

111

0724

417

9 00

00 –

Jah

resb

eitra

g: 1

4 €

Ersc

hein

ungs

datu

m: s

echs

mal

jähr

lich

– La

yout

: Cla

ude

Peiff

er, p

rint s

olut

ions

s.à

r.l.,

Lux

embo

urg

Lëtzebuerger Kathoulesch Männer

fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement

aktioun

6 Nr.: 6 / 2017

D’Bibel, Alt oder Neit Testament, gëtt normalerweis «Schrëft» oder «Helleg Schrëft» genannt. Also hu mer et mat engem Text ze dinn, deen op iergend

eng Art a Weis op Pobeier fixéiert ass, sief et geschriwwen, gedréckt, polykopéiert oder dactylographéiert. Elo wësse mer awer datt dës Texter, déi mer biblesch Texter nennen, fir d’éischt emol Wieder waren, déi vu Mënsche gezielt gi sinn, an zwar no hirer Kenntnis vun deemools, mat deene Biller déi se gebraucht hunn an déi fir si wichteg waren. An duerfir gëtt d’Bibel och «Wuert» genannt. Et geet do ëm d’Wuert vum Herrgott, et geet ëm d’Frou Botschaft. Den Ausdrock «Wuert» weist op eppes hinn wat gesot ginn, wat iwwer de Verstand an duerch d’Lëpsen vun engem Mënsch un d’Ouere vun engem anere komm ass. D’Wuert ass also eppes wat e Mënsch a senger Fantasie, no sengem Wëssen, no senge Méiglechkeeten a senger Zäit gebraucht, fir eppes auszedrécke wat him wichteg ass a wat hien anere Mënsche wëllt matginn. Leider muss een awer feststellen, datt an eise liturgeschen Zelebratiounen d’Wuert, d’biblescht Texter, ganz oft ouni Relief virgedroe ginn, datt se laanscht lafen, well se esou virgelies ginn wéi Texter déi net geschwat, mä geschriwwe sinn, déi fixéiert sinn. An a Wierklechkeet geet et jo awer ëm d’Wieder vum Liewen. Et läit mir also eppes drun fir ze soen, datt Texter déi gesot ginn, déi proklaméiert ginn, erëm eng Kéier eppes mat dem Liewen ze dinn kréien. Et misst een also frësch léieren d’Bibel als gleewege Mënsch ze liesen, an als katechetescht Wuert, liewegt Wuert, dem Nächste weiderzeginn.

Déi Texter, déi mer also an der Bibel fannen, mussen net wuertwiertlech gelies ginn, well soss fale mer erëm an dat zréck wat mer schonn haten. Da kann een och e Computer d’Bibel liese loossen, wéi dat jo haut méiglech

ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest déi monoton erof mat Punkt, Komma, Zuel vum Vers asw. Dat geet wann ech deen Text kennen, wann ech en einfach nëmme wëll héieren, mä wann ech mech dovunner usprieche loossen, da muss ech mer schonn eppes anescht afale loossen.

Dës Texter sinn nämlech proposéiert, fir aner Mënschen ze begeeschteren, et muss ee Liewen dra fannen. Obschonn se viru ville Joren opgezeechent goufen, mussen se ëmmer Aktualitéit bleiwen. Dat heescht also, ech muss probéieren déi Aktualitéit och schonn am Tounfall oder an der Gestik oder an der Erklärung sou ze soen, datt Mënschen, déi mer nolauschteren, eppes kënnen dermat ufänken, datt et si usprécht an hirem Liewen.

Dat erënnert mech un déi grouss Experienz, déi a Südamerika ugaangen ass, an déi eng Zäit laang ënnerbrach war, déi awer dank dem Poopst Franziskus erëm opkënnt: déi vun de Basis-Gemeinschaften. D’Bibel gëtt do gelies an der Gemeinschaft vu Mënschen déi do op engem Duerf, an enger Géigend wunnen, an déi sech net froe, wou dat historesch kritescht Material ass, oder wien dat geschriwwen huet, wéini, wou, mä déi sech froe: wat huet deen Text mat mengem Liewen ze dinn a wat muss ech elo maache fir datt deen Text a mir a ronderëm mech lieweg gëtt? Dat maache mer an der leschter Zäit jo schonn erëm heiansdo, wa mer d’Bibel am Grupp oder an enger klenger Gemeinschaft liesen. Mä ech mengen, dat misst nach méi gemaach ginn, an och méi vu jiddwerengem vun eis praktizéiert ginn.

Fernand Huberty Aumônier

Wuert Gottes – Helleg Schrëft.

Mir wënschen eise Lieser a Memberen eng besënnlech Adventszäit an e frout a geseente Chrëschtfest

Page 2: oitkAun .r6N / 7102 L ëtzebuerger Kathoulesch Männer aktioun · ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest

Aktioun Nr.: 6 / 2017 Aktioun Nr.: 6 / 2017

2 3

Ende Oktober fand die jährli-che U.O.-Konferenz im Pau-lanerkloster von Vranov in

der Nähe von Brünn in Tschechien statt. Die Teilnehmer kamen aus folgenden Ländern: Frankreich, Ghana, Irland, Kenia, Litauen, Lux-emburg, Österreich, Tschechien, Ukraine. Das Thema lautete: Kon-tinuität und Diskontinuität der christlichen Tradition im Zuge der Migration von Christen aus dem Osten in den Westen: was trennt uns und was verbindet uns? Spre-cher war Dr. Jaroslav Franc von der

Palacky Universität von Olomouc. Es gab auch einen Vortrag über die Geschichte und Änderungen in der tschechischen Kirche. Von den vielen Besichtigungen seien erwähnt: das Schlachtfeld von Austerlitz (auf tschechich Slavko) wo Kaiser Napoleon im Dezem-ber 1805 gegen eine Übermacht der Heeren von Kaiser Franz II. und Zar Alexander I. kämpfte und siegte; eine geführte Besichtigung der Städte Brünn und Olomouc, die beiden Wallfahrtsstätten Velehrad mit der Basilika Minor Maria Him-

melfahrt und Svatý Kopeček mit der Basilika der Heimsuchung; ein Treffen mir Erzbischof Jan Graub-ner in seinem geräumigen Palast in Olomouc. Es sei jetzt schon darauf hingewiesen das U.O. Anfang Okto-ber 2018 in Rom das siebzigjährige Bestehen feiern wird. Es wäre wün-schenswert wenn eine Delegation der KMA an diesem Jubiläum teil-nehmen würde.

Text/Fotos: Willy Fuchs

Unum Omnes Tagung in Vranov

Der U.O.-Vorstand (v.l.): S. MacDonald, Sekretär/ Irland, G. Pataille, Kassierer/Frankreich, E. Prah, Präsident/Ghana, W. Steiner, Aumônier/Österreich, P. Röttig, Vizepräsident/Österreich. Es fehlt A. Babinskyi, Vizepräsident/Ukraine.

Die Teilnehmer in Vranov. Siebter v.r. Anatoly Babinskyi Friedensdenkmal von Austerlitz

Messe in der Kathedrale St.Peter und Paul in Brünn (Brno - Hauptstadt von Mähren) mit Weihbischof Pavel Konsbul und U.O.-Aumônier Willibald Steiner (rechts)

Page 3: oitkAun .r6N / 7102 L ëtzebuerger Kathoulesch Männer aktioun · ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest

Aktioun Nr.: 6 / 2017

4

Aktioun Nr.: 6 / 2017 Aktioun Nr.: 6 / 2017

2 3

KMA 2018

Die Pläne konkretisieren sich …… so schrieb im Mai 1978 Jahre

ACML-Aumônier Josy Felten in der Zeitschrift Kathoulesch actioun. Ge-meint sind die Pläne zur Neuorganisa-tion der katholischen Männeraktion, die immer konkretere Formen anneh-men. Unsere Leser wissen, daß eine Reihe von beherzten Männern sich an die Arbeit gemacht haben, um die Strukturen der Männeraktion zu über-denken und sie an die neuen Gegeben-heiten anzupassen Es ist dies keine leichte Arbeit, denn wir wollen nichts zerschlagen und zerstören, sondern erneuern und beleben ...

Und weiter: … die katholische Männeraktion versteht sich nicht als ein Privatclub, sondern als eine von der Kirche anerkannte Bewegung, die für die Kirche in einem gewissen Sinne unentbehrlich ist. Unter Kirche meinen wir nicht nur den Bischof, nicht bloß die Priester, nicht bloß einzelne Katho-liken, sondern auch die christlichen Gemeinden mitsamt ihren Pfarräten …

Diese beherzten Männer kamen u.a. aus folgenden Reihen: JOC, Jong-baueren & Jongwënzer, Politik, Ge-werkschaft. Von den zahlreichen Mit-gliedern des damaligen provisorischen

Komitees erfreuen sich heute noch ihres Lebens: Josy Felten, Willy Fuchs, Fränz Kohnen, Guillaume Mangen, Jean Zimmer. Und auch heuer kon-kretisieren sich wieder Pläne. Für die 40-Jahrfeier von 2018 wurde folgen-des Organisationskomitee aufgestellt: Jean-Paul Schneider, Fernand Boever, Willy Fuchs, Fränz Kohnen, Jean Loes, Clément Mathis, Johny Peter, Rudy Troes. Je nach Bedarf können auch Jos. Nothum und Fränz Mouris heran-gezogen werden. Es sind etwa drei bis vier Manifestationen vorgesehen.

FW

Die KMA im Jahre 1980 auf froher Fahrt nach Lourdes.

AUFRUF

Wir bitten alle Mitglieder und Personen welche im Besitz sind von Fotos von KMA-Aktivitäten der ver-gangenen 40 Jahre uns diese zwecks einer Ausstellung zur Verfügung zu stellen. Bitte teilen sie uns mit ob Sie diese Dokumente zurückhaben möchten oder ob wir sie behalten können. Gegebenenfalls können wir diese auch bei Ihnen abholen. Wir benötigen keine alten Zeitschriften da wir diese alle in unserem Archiv aufbewahren. - Mit besten Dank im Voraus.

Der Vorstand

Op der Keelebunn

Fir den Ufank vun der neier Saison hat de Kultur a Seniorendengscht sech emol eppes aneschteres afale gelooss. Och wa mir net

zu vill waren hu mir dach e flotten Nomëtteg op der Keelebunn verbruecht. An et war keen derbei de net e Kulang geschoss huet. Vläicht se mir déi nächste Kéier zu méi? Fir den Ofschloss gouf et als Belounung Ham, Fritten an Zalot.

Page 4: oitkAun .r6N / 7102 L ëtzebuerger Kathoulesch Männer aktioun · ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest

Aktioun Nr.: 6 / 2017

4

Aktioun Nr.: 6 / 2017

3

Politikus-s

Es ist vollbracht …... die Umwandlung des „Kirchen-

staates“ Luxemburg in ein laizisti-sches Terrain. Die aktuelle Gambia-koalition wird nicht müde dies als große Errungenschaft zu preisen. Hof-fentlich erinnern sich die ehrenwer-ten Wähler daran bei den nächsten Chamberwahlen. In kirchlichen Krei-sen scheint man der Abschaffung des Religionsunterrichtes (RU) nicht nach-zutrauern. Wird er doch ersetzt durch (außerschulische) Katechese. Was ist Katechese laut ,Petit Robert‘: ,Enseig-nement oral de la religion chrétienne‘. Wenn man einem Katecheten/einer Katechetin – welche den RU seriöse geleistet hat – sagt, ihr habt zwar RU

Manche Eltern haben darauf ge-halten ihre Kinder zur ersten Heili-gen Kommunion gehen zu lassen. Dazu gab es Bedingungen: am RU teilnehmen, sonntags zur Messe ge-hen. Welche Aktivitäten tun Kinder und Jugendliche in ihrer Freizeit? Sport, Musik, Handyspiele, engagiert in einer Menge von Jugendvereinen, usw. Jetzt sollen sie auch noch Frei-zeit opfern für Katechese. Jedoch, man hört landauf landab dass meine Menge Kinder und Jugendliche zur Katechese eingeschrieben sind. Wie wollen wir das bewältigen, so steht eine Frage im Raum.

Ein Kuss für alle die sich der hee-ren Aufgabe der Katechese widmen.

Fly

-AktivitätenSektioun Bouneweg

An der Generalversammlung am Fréijor ware mer ons eens, dass mer mat de klengen lokalen Aktivitéiten zu Bouneweg missten ophalen. No de Virbereedungen ass dat elo méiglech.

E Méindeg, 4. Dezember, welle mer dat an enger aussergewéinlecher

Generalversammlung maachen. Mir treffen eis ëm 19.00 am Parhaus, 4, rue Gellé.

E Samschdeg, 2. Dezember, feiere mer an der Kierch zu Bouneweg eng Mass fir all verstuerwe Memberen.

fr.

Kultur & Seniorendengscht

E Mëttwoch, den 13. Dezember weist de Willy Fuchs Biller iwwer dat modern China vun haut. D’Rees geet mat Fliger, Zuch a Bus vu

Peking duerch d’Innere Mongolei

(Seidenstraße) bis op Shanghai.

Mir gesin do eng Reih Monumenter

déi als Unesco-Weltkulturerbe

registréiert sin. De Virtrag ass wéi

emmer um 14h30 am Convict am

Sall vun der Erwuessebildung (Bloc

G) bei freiem Entrée. Des Konferenz

get ofgeschloss mat enger Agape.

de FloumaartSteht noch dahin …Ob wir davonkommenohne gefoltert zu werden,ob wir eines natürlichenTodes sterben,ob wir nicht wieder hungern,die Abfalleimer nachKartoffelschalen durchsuchen,ob wir getrieben werden in Rudeln,wir haben’s gesehen.

Ob wir nicht noch die Zellenklopfsprache lernen,den Nächsten belauern,vom Nächsten belauert werden,und beim Wort Freiheitweinen müssen.

Ob wir uns fortstehlen,rechtzeitig auf ein weißes Bettoder zugrunde gehenam hundertfachen Atomblitz,ob wir es fertigbringenmit einer Hoffnung zu sterben, steht noch dahin, steht alles noch dahin.

Marie Luise Kaschnitzaus Kontraste 3/77

erteilt, aber keine Katechese, dann würde die betreffende Person einem am liebsten gleich ,mam Hennesch-ten an d’Gesiicht sprangen‘! Was sonst haben denn getan?

Die Christlich-Sozialen sind vor den letzten Wahlen dafür eingetreten in den Sekundarschulen den RU abzu-schaffen. Dies um zu punkten? Jetzt hört man sie hätten den RU in der Grundschule nicht abschaffen wollen. Haben sie etwa ihr Mäntelchen in den Wind gehängt?

Page 5: oitkAun .r6N / 7102 L ëtzebuerger Kathoulesch Männer aktioun · ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest

Aktioun Nr.: 6 / 2017

6

Aktioun Nr.: 6 / 2017

5

Palästinänsische Krippe aus Bethlehem

Bei der Grott zu Réimech

Bekanntlich hatte die KMA 2016 eine Spende überreicht an das Comité popur une Paix Juste au Proche Orient. Dieses leistet

psychosoziale Aufbauarbeit für Kinder im pa-lästinänsischen Flüchtlingslager Djenin im West-jordanland. Zum Dank erhielten wir die oben abgebildete Krippe. In Palästina leben nicht nur Mohammedaner, es gibt dort auch manche Christen. In diesem Sinne hatte der ehemalige Palästinenserpräsident Yasser Arafat den Weih-nachtstag als Feiertag eingeführt. Auf dem Dach der Krippe sehen wir eine Friedenstaube. Frieden zwischen Palästina und Israel ist ohne Zweifel ein großer Wunsch der dortigen Bewohner. Hoffen wir zumindest auf ein friedliches Weihnachtsfest.

W.F.

De 6. Oktober, den éischte Freideg am Rousekranz-mount, hat d’KMA ze-

summen mat der Par Réimech eng Muttergottesfeier ofgehal. Um 18h30 war d’Mass an der Parkierch mat 4 Hären an 2 Di-akonen, éischter eng Selten-heet. Haptzelebrant war den Aumônier vun der KMA Fernand Huberty. Hien huet drop higewi-sen dat mir alleguer d’Bausteng vum Herrgott senger Kierch sen. No der Mass se mir an en-ger Liichterpressessioun mat dem bieden vum freedereichen

Rousekranz erof bei d’Mutter-gottesgrott vum Jousefshaus, dem Réimecher Altersheem, gangen. No dem Rousekranzge-biet huet den Här Dechen Mar-cel Pündel den sakramentalen Seegen erdeelt. Duerno huet d’Direktioun vum Jousefshaus eng Agape zu engem ganz sozi-aler Preis offréiert. Eise Member Clemy Mathis hat sech vill Méih gemach mam Rëschten vun der Grott. Et sief drun erënnert dat des Feier fir d’lescht am Jar 2014 stattfond huet.

Fotos: Jean Loes

Page 6: oitkAun .r6N / 7102 L ëtzebuerger Kathoulesch Männer aktioun · ass. Ech kann op mengem Handy einfach soen ech hätt lo gär, datt den Handy mir d’Laudes erofliest. An dee liest

Aktioun Nr.: 6 / 2017

Her

ausg

abe:

Kat

houl

esch

Män

nera

ktio

un (K

MA)

5, a

venu

e M

arie

-Thér

èse,

L-21

32 LU

XEM

BOUR

G

Reda

ktio

n: W

illy F

uchs

Tel.:

447

43-2

51 –

Fax

: 447

43-5

30 –

E-m

ail:

kma@

cath

ol.lu

– w

ww

.km

a.lu

– C

CP:

LU13

111

1 07

24 4

179

0000

– J

ahre

sbei

trag:

14 €

Er

sche

inun

gsda

tum

: sec

hs m

al jä

hrlic

h –

Layo

ut: C

laud

e Pe

iffer

, prin

t sol

utio

ns s

.à r.

l., L

uxem

bour

g

6

Aktioun Nr.: 6 / 2017

5

Lourdes 2017

Le Seigneur fit pour moi des merveilles.

Dat ass de Motto vun der des-jähreger Pilgersaison zu Lourdes. Niewt Lëtzebuerg

waren wéi emmer Pilger aus villen Natiounen do. Och e puer Läit vun der KMA hun un deser Pilgerrees vun 3 Deeg mam Fliger deelgeholl. D’Mass bei der Grott ass emmer den Héichponkt, net ze vergiessen owes d’Liichterpressessioun. Et gouf och eng Mass liese gelooss fir d’Uleies vun der KMA. Vläicht se mir dat nächst Jar nach zu méi?

Text/Fotoen: W.F